« zur Übersicht

Kennt Dir ...

 

... si nach?

An erkennt Dir si op dësen ale Fotoen erëm?

Réimecher Leit, vun deenen der vill schonn net méi liewen, an un déi mir mat dëse Biller erënnere wëllen.

Wann Dir mam Mauszeiger op e Gesiicht fuert, dann erschéngt meeschtens en Numm iwwer der Foto.

Mir hunn eis beméit, d'Leit op de Fotoen ze identifizéieren; dat ass eis awer net bei en all gegléckt.

Vläicht gesitt Dir Kënneger oder Iech selwer op engem Bild.

Wann en Numm feelt an Dir wësst en, da wäre mir frou, e gewuer ze ginn an en derbäisetzen ze kënnen.

Wann Dir awer net wëllt, dass Dir selwer oder een aus Ärer Famill op enger Foto am Internet ze gesinn ass, dann zéckt net,

eis Bescheed ze soen, an da siche mir eng Léisung fir de Problem.

Mir wënschen Iech vill Freed mat eise Fotoen!

Fir all Noriicht kënnt Dir eis gären iwwer Mail kontaktéieren: info@photofrenn-remich.lu

Dat gëllt och, wann Dir eventuell eeler Fotoe vu Réimecher Leit hutt, déi Dir gär mat aneren deele wëllt. Merci am Viraus.

 

 

« zur Übersicht