« zur Übersicht

De Groussherzog Jean zu Réimech

 

De Groussherzog Jean ass den 23. Abrëll 2019 am Alter vun 98 Joer gestuerwen.

Hie war e feinen, joviale Mënsch, deen op d'Leit duergaang ass, mat hinne gepotert huet, sech fir hir Suergen an hir Freeden interesséiert huet.

Zu Réimech war hien als Groussherzog dräimol: 1965 fir d'Joyeuse Entrée vun der groussherzoglecher Koppel, 1983 beim schlëmmen Héichwaasser an 1985 op Nationalfeierdag.

 

Sonndeg, den 13. Juni 1965 – Joyeuse Entrée am Kanton an an der Stad Réimech

De Groussherzog Jean ass den 12. November 1964 no der Ofdankung vun senger Mamm, der Groussherzogin Charlotte, op den Troun vu Lëtzebuerg komm. Den 13. Juni 1965 hunn de Groussherzog Jean an d'Groussherzogin Joséphine-Charlotte dann hir Joyeuse Entrée am Kanton an an der Stad Réimech gemaach. Zu Réimech sinn si vun enger Mënschemass empfaange ginn – Honnerte Leit aus dem ganze Kanton an och vun auswäerts waren op dësem Festdag heihinner komm. Beim Monument aux Morts um ale Kierfecht huet déi groussherzoglech Koppel e Kranz niddergeluecht, éier et erof op d'Musel goung, wou eng Éierentribün op der Esplanad opgeriicht gi war. No senger Festried huet de Buergermeeschter Joseph Altwies dem Groussherzog an der Groussherzogin als Kaddo vun der Stad a vum Kanton Réimech eng hëlze Skulptur iwwerreeche gelooss, "D'Wënzerin" vun deem Réimecher Kënschtler Josy Jungblut. Musek a Gesang, de Wäin an natierlech d'Musel hunn déi ganz Joyeuse Entrée gepräägt. Als Héichpunkt ass vu Stadbriedemes erfort en imposante Schëffskonvoi mat Schëffer a Booter vun allen Zorten, un der Spëtz eng réimesch Galeere mat dem réimesche Museldichter Ausonius u Bord, ënner der Réimecher Bréck erduerch d'Musel erop gezunn. No dëser spektakulärer Flotteparad ass déi groussherzoglech Koppel zesumme mat de Vertrieder aus Politik a Gesellschaft duerch déi festlech gerëschten Uertschaft zu Fouss bei d'Gemeng gaang, wou si sech an d'Gëlle Buch vun der Stad Réimech agedroen huet. Beim uschléissenden offiziellen Empfang an Éierewäin krut si déi ageluede Gäscht virgestallt, an d'Groussherzogin Joséphine-Charlotte krut, dem Dag entspriechend (et war Mammendag), vum Buergermeeschter als Kaddo eng Skulptur vun deem Réimecher Kënschtler Emile Moes, "Mamm a Kand", iwwerreecht. Um Balkon vum Stadhaus hunn de Groussherzog an d'Groussherzogin d'Ovatioune vun der Bevëlkerung entgéintgeholl, éier si am spéiden Nomëtteg hiren éischten offizielle Besuch am Kanton Réimech ofgeschloss hunn.

 

Programme-Souvenir de la visite officielle de LL.AA.RR. Mgr le Grand-Duc Jean et Mme la Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte, dimanche 13 juin 1965 à Remich

  

 

(Sammlung: Paul Vanolst)

 

Dënschdeg, den 12. Abrëll 1983

1982/83 war dat schlëmmst Héichwaasser zënter dem Joerhonnerthéichwaasser vun 1947. D'Musel ass dräimol ganz hefteg komm: ëm Chrëschtdag 1982, ëm Ouschteren 1983 an ëm Péngschten 1983. Am allerschlëmmste war et am Fréijoer, wou d'Musel nëmmen 90 cm ënner hirem Héchststand vun 1947 bliwwen ass an de ganzen ënneschten Deel vu Réimech ënner Waasser stoung. D'Beem op der Esplanade stoungen am Waasser, vun der Busgare an der Pompstatioun waren nëmmen nach d'Diech ze gesinn, d'Piertche war ganz ënner dem Waasser verschwonn, op d'Bréck konnt een net méi fueren, an d'Leit ënnen a Réimech haten d'Musel meterhéich an de Stuffe stoen. Den 12. Abrëll nomëttes sinn de Groussherzog Jean an d'Groussherzogin Joséphine-Charlotte op Réimech komm, fir sech d'Ausmooss vun der Katastroph unzekucken an den Awunner Kuraasch ze maachen. Zesumme mat dem Inneminister Jean Spautz, dem Transportminister Josy Barthel an de Gemengevertrieder Robert Gitzinger, Albert Hoffmann, Pol Wagener, Bob Zenner a Jean Fohl sinn si vun de Gemengenaarbechter Hanni Becker a Romain Schumacher an engem Naachen duerch déi iwwerschwemmte Stroosse gefouert ginn a kruten de ganze Misär a Schued gewisen.

(Fotoen: Luss Urwald, Fons Schneider a Jean Rock)

 

Sonndeg, den 23. Juni 1985 – Nationalfeierdag

De Groussherzog Jean an d'Groussherzogin Joséphine-Charlotte sinn op Nationalfeierdag 1985 am spéiden Nomëtteg op Réimech komm, wou si vum Inneminister Jean Spautz, vun deenen zwee Ministeren aus dem Bezierk Osten, dem Erzéiungsminister Fernand Boden an dem Transportminister Marcel Schlechter, vum Distriktskommissar Jean-Pierre Sinner, vum Dechen Théophile Weirich, vum Réimecher Buergermeeschter Fernand Kons, de Schäffe Pol Wagener a Bob Zenner, de Membere vum Gemengerot a vu ville Réimecher Leit häerzlech emfaang goufen. Um ale Kierfecht hunn si beim Monument aux Morts mat der Pietà vun deem Réimecher Kënschtler Josy Jungblut Blummen niddergeluecht. Duerno sinn si den Neiewee erofgaang, wou si d'Liewen an d'Gesellegkeet an den ale Réimecher Gaasse virgestallt kruten, ë.a. duerch d'Fraen, déi op den Haustrape gestréckt a matenee gepotert hunn. Och um Moart hu vill Leit a Kanner mat Fändelcher d'Gäscht erwaart, déi du bei d'Gemeng gaang sinn, wou eng Éierentribün opgeriicht gi war. Hei hu schonn d'Deputéiert aus dem Bezierk Osten an d'Buergermeeschtere vun de Gemengen aus dem Kanton Réimech op si gewaart. An senger Festried huet de Buergermeeschter Fernand Kons d'Stad Réimech virgestallt. D'Harmonie Concordia, d'Chorale Sainte Cécile, Vertrieder vun de Veräiner mat hire Fändelen a ganz vill Leit a Kanner, si all hunn derzou bäigedroen, dass et eng schéi Feier war. Als Kaddo kruten de Groussherzog Jean an d'Groussherzogin Joséphine-Charlotte e Bild vun deem Réimecher Moler Guy Hary, éier si op dem Empfang an der Gemeng déi ageluede Gäscht virgestallt kruten an sech an d'Gëlle Buch vun der Stad Réimech agedroen hunn.

Carine Hensgen

(Fotoen: Luss Urwald a Fons Schneider)

 

« zur Übersicht