« zur Übersicht

Stolpersteng

 

Verleeë vu Stolpersteng an Aweiung vun der Place Shoah zu Réimech

de 24. Juni 2016

 

(Fotoen: Jean Rock)

 

 

 

Erënnerung u Réimecher jüddesch Famille virum 2. Weltkrich

 

"Mémoires communes – verfollegt, verdrängt, vergiess"

Am Joer 2015 hunn d'Stad Réimech an d'Gemeng Munneref zesummen e Projet op d'Bee gesat, fir un déi jüddesch Awunner aus deenen zwou Gemengen ze erënneren, déi virum 2. Weltkrich hei gelieft hunn an nom 10. Mee 1940, wéi Lëtzebuerg vun den däitschen Truppe besat gouf, verschleeft an dermeescht ëmbruecht goufen.

De Projet gouf an Zesummenaarbecht mat de Geschichtsfrënn Réimech, der Kulturkommissioun Munneref, dem Israelitesche Konsistorium vu Lëtzebuerg, der jüddescher Gemeinschaft vun Esch/Uelzecht, dem Nationale Resistenzmusée an der Asbl MemoShoah ëmgesat.

Ënner dem Titel "Mémoires communes – verfollegt, verdrängt, vergiess" huet de Programm zu Réimech vum 30. September bis de 16. Oktober 2015 eng Ausstellung "Between Shade and Darkness. Das Schicksal der Juden Luxemburgs von 1940 bis 1945" begraff an dräi Konferenzen: "D'Stad Réimech an d'Shoah" vum Norbert Lindenlaub, "Je voudrais que son nom apparaisse partout" vum Marion Deichmann an Denis Scuto, "Der unverschämte Hochmut der jüdischen Rasse: Juddentum an Antisemitismus zu Lëtzebuerg" vum Renée Wagener.

Virum 2. Weltkrich hu 5 jüddesch Famillen zu Réimech gelieft:

- d'Famill Hilb (3 Persounen) op Nr. 13 (deemools Nr. 15) an der Enzegaass,

- d'Famill Meyer an Hayum mam Neveu Heinz Joseph (5 Persounen) op Nr. 6 an der Garer Strooss,

- d'Famill Marx (3 Persounen) op Nr. 36 am Neiewee,

- d'Famill Herrmann (4 Persounen) op Nr. 4 op der Dauwelt,

- d'Famill Deichmann (3 Persounen) op Nr. 54 an der Maachergaass.

Vun dëse jüddesche Réimecher Leit sinn der 15 vun den däitsche Machthaber deportéiert ginn; 13 vun hinne sinn a Konzentratiounslageren oder jüddesche Ghettoen ëmkomm. Nëmme 5 am Ganzen hunn den Holocaust iwwerlieft; keen eenzege vun hinnen ass herno nees hannescht op Réimech wunne komm. D'Marion Deichmann, dat als klengt Meedche mat sengen Eltere vun 1934 bis 1938 zu Réimech gelieft huet a vun 1936 bis 1938 hei an d'Schoul goung, ass déi eenzeg jüddesch Zäitzeiin, déi virun der däitscher Besatzung zu Réimech gewunnt huet an déi haut nach lieft.

D'Madamm Deichmann war am Kader vum Projet "Mémoires communes – verfollegt, verdrängt, vergiess" zréck op Réimech komm, wou si en Deel vun hirer Kannerzäit verbruecht hat. De 7. Oktober 2015 huet si virun engem grousse Publikum an enger ergräifender Konferenz iwwer hir Liewensgeschicht beriicht, déi si an engem Buch festgehal huet: "Je voudrais que son nom apparaisse partout" / "Ihr Name soll unvergessen bleiben". Zwee Deeg drop, den 9. Oktober 2015, ass si vum Gemengerot zur Éierebiergerin vun der Stad Réimech ernannt ginn.

 

17 Stolpersteng, eng Gedenkplaz an e Spadséierwee erënneren un d'Shoah-Affer

Fir dass dës jüddesch Awunner an hiert tragescht Schicksal net vergiess gi sollten, huet d'Stad Réimech – als Ofschloss vum Projet "Mémoires communes – verfollegt, verdrängt, vergiess" – vun deem däitsche Kënschtler Gunter Demnig 17 sougenannt Stolpersteng an den Trottoir virun hirem leschte Wunnsëtz zu Réimech leeë gelooss.

Déi 17 Stolpersteng, déi den 13 Affer vun der Shoah a 4 Iwwerliewende gewidmet sinn, goufen de 24. Juni 2016 geluecht. D'Schirmherrschaft iwwer d'Steng war vun der Stad Réimech, dem deemolege Buergermeeschter Henri Kox, de Membere vum Schäffen- a Gemengerot a vun 8 Réimecher Veräiner iwwerholl ginn.

Deeselwechten Dag gouf och eng Gedenkplaz un d'Shoah-Affer aus Réimech, "Place des Victimes de la Shoah", virun der Schoul an der Enzegaass ageweit.

Réimech ass déi éischt Uertschaft am Lëtzebuerger Land, déi mat esou enger Gedenkplaz un hir fréier jüddesch Awunner a Shoah-Affer erënnert.

E Spadséierwee op de Spuere vun de Réimecher Holocaust-Affer (Tour de la Mémoire) geet bei der Busgare fort a féiert iwwer 2 km duerch déi Stroossen, wou dës jüddesch Leit gewunnt hunn a wou d'Stolpersteng un si erënneren.

Carine Hensgen

Quellen:

– Broschür "30. September - 7. November 2015: Mémoires communes – verfollegt, verdrängt, vergiess. Stad Réimech / Gemeng Munneref".

– MemoShoah – Auf den Spuren der Erinnerung. Reportage im Gemeindeboten der Stadt Remich, De Buet, Juni/Juli 2016.

 

Weider Informatiounen:

 

Stad Réimech

www.remich.lu

 

Gemeng Munneref

www.mondorf-les-bains.lu

 

Consistoire Israélite de Luxembourg

www.synagogue.lu

 

Liberal Jewish Community of Luxembourg in Esch/Alzette

www.jewish.lu

 

Musée national de la Résistance

www.musee-resistance.lu

 

MemoShoah Luxembourg asbl

www.memoshoah.lu

 

Stolpersteine in Remich

an: Wikimedia Commons

https://commons.wikimedia.org/wiki/Category:Stolpersteine_in_Remich

(ofgeruff de 26.10.2018)

 

Stolpersteng zu Lëtzebuerg

an: Wikipedia, Déi fräi Enzyklopedie

https://lb.wikipedia.org/wiki/Lëscht_vun_de_Stolpersteine_zu_Lëtzebuerg

(ofgeruff de 24.10.2018)

 

Gunter Demnig – Stolpersteine

www.stolpersteine.eu

 

Histoires et mémoires communes – Complément du Tageblatt du 30/31 janvier 2016, en coopération avec MemoShoah, publié à l'occasion de la commémoration internationale en mémoire des victimes de l'Holocauste

https://issuu.com/leliadiluca/docs/holocaust_30012016_1eb0d2279738ca

(ofgeruff de 24.10.2018)

 

 

 

« zur Übersicht