« zur Übersicht

't ass Fuesend ...

 

't ass Fuesend an 't ass Fräd

Dat Réimecher Fuesléid

 

I

't ass Fuesend hei, an dann ass alles geckeg!

Deen 't nach net ass, ass net méi wäit dervun;

't woar ä geplot, lo si mir och mol glécklech,

An dee kä Geck wëllt sinn, ass arem drun:

 

Refrain:

't ass Fuesend an 't ass Fräd,

An alles ass verklät,

Gesong, gedanscht, gedronk a guer kä Läd!

 

II

't gät sonndes un, wéi laang et dauert, wääss kän,

't hänkt of vum Geld, vum Béier a vum Wäin;

Dräi Deeg bestëmmt, de véierte gëtt och än,

All Nuet beim Danz, am Do mat Sonneschäin:

 

Refrain

 

III

A mëttwochs morges kucken s'am Portmonni,

Oh Mamm! Oh Mamm! 't gesäit do traureg aus,

D'Geld ass all fort, dat woar de Fuesends-Monni,

lo fléit deen awer och zum Tempel raus:

 

Refrain

 

IV

Mir hunn hee fonnt a Wëttels hirem Keller,

Zweedausend Portmonnie lougen do,

Déi woaren all sou dréche wéi en Teller,

Mä hee woar voll, sein Nues woar holl a blo:

 

Refrain:

Du holle mir ä Sak,

Mir hunn heen dra gepaakt,

An iwwer d'Bréck an d'Musel Sak a Pak!

 

V

Do läit heen an der Musel, an där naasser,

Trotz all dem Saufen ass näischt aus him ginn,

Vum goude Muselwäin kum heen op d'Waasser,

Déi grischte Schan, déi d'Musel ka gesinn:

 

Refrain:

Trotzdem ass d'Fuesend Fräd,

An alles ass verklät,

Weil op der Musel do dät d'Geld keem läd!

 

Text: Lucien Klopp

Aus: De Buet 02/2008

 

Orthographie ugepasst: Carine Hensgen

 

« zur Übersicht