« zur Übersicht

1920-2018

 

D'Muselbréck zwësche Réimech an Nenneg, ëm 1920 an 2018

"Dir braucht eng Bréck!" sot de Kinnek-Groussherzog Wëllem III. zu deene Réimecher, wéi hien 1855 d'Muselstiedche besicht huet. Bis dohinner gouf mat Naachen oder Fähren iwwer d'Musel gesat; verschidde Pläng, fir eng Bréck ze bauen, waren am Sand verlaf. Elo goufen dann Neel mat Käpp gemaach, et goufe Pläng ausgeschafft, an 1865 gouf mam Bau ugefaang. D'Bréck ass Enn 1866 fir de Verkéier opgaang. Déi offiziell Aweiung vun dëser éischter Bréck zwësche Réimech an Nenneg – et war och déi éischt Muselbréck iwwerhaapt zwësche Lëtzebuerg an Däitschland – war méi spéit, de 6. Juli 1867 beim Besuch vum Prënz Hary an der Prinzessin Amalia zu Réimech.

 

 

Am September 1944, wéi ofzegesi war, dass de Krich fir Däitschland verluer war, hunn däitsch Truppen d'Bréck bei hirem Réckzuch deelweis gesprengt. Dono hunn d'Amerikaner, déi a Réimech ageréckt waren, d'Bréck mat Holz gefléckt, esou dass se nach eng Rei Joren duergehal huet. 1958 gouf déi al Bréck du ganz ofgerappt, an eng nei Bréck ass op därselwechter Plaz opgeriicht ginn. Dës zweet, déi haiteg Réimecher Bréck ass den 23. Juli 1959 ageweit ginn.

2017 konnten elo 150 Joer Réimecher Bréck gefeiert ginn.

Carine Hensgen

Biller a Montage: Jean Rock

 

 

« zur Übersicht