Gust (August) Federmeyer (1903-1984)
De Gust Federmeyer ass den 23. Mäerz 1903 zu Réimech gebuer ginn. Hien hat schonns fréi Freed un der Molerei, déi hien sech selwer bäibruecht huet. Esou huet hie schonn an den 1930er Joren niewent Biller ë.a. Kulisse fir Theateropféierungen (z.B. fir de Jünglingsverein) oder als Hannergrond fir Fotoen an och Plakater gemoolt. Hien huet och eng Rei Filmer gedréit, dorënner e faarwege Film iwwer déi Käler Léiffrächen.
De Gust Federmeyer huet zu Réimech am Neiewee a spéider am Buschland an der Rue du Belvédère gewunnt. Hie war mam Léonie Kieffer bestuet. Hien hat zwou Schwësteren, d'Elisabeth (16.1.1906-29.5.1918) an d'Alice, dat Streckesch war (14.12.1911-10.3.1994).
De Gust Federmeyer war Receveur vun der Douane zu Schengen, an do huet hien am Café Schemel e Fries mat Musel- a Wënzermotiver gemoolt. Dëse Fries war ongeféier ee Meter héich an ass op zwou Säite vun der Wiertschaft gelaf.
An senger Heemechtsstad Réimech huet hien zemools déi al Gaassen, Ecker a Gebaier gezeechent, hien huet awer och eng Rei Réimecher Soen illustréiert a Kulisse fir Theateropféierunge vun der Chorale Sainte-Cécile Réimech gemoolt.
De Gust Federmeyer huet ausserdem eng Zeri Muselmotiver op Keramikplättercher gemoolt, an hie war e bekannten Hannerglasmoler.
Eng Rei vun senge Wierker goufen am Summer 1976 an enger Ausstellung zu Réimech gewisen, déi vun der Amicale Remichoise, Sektioun "Konscht a Kultur", organiséiert gi war.
De Gust Federmeyer ass den 20. Februar 1984 zu Réimech gestuerwen an ass zu Rëmeleng begruewe ginn.
"Auguste Federmeyer in seinem Atelier in Remich. Wenn nicht der einzige, dann jedenfalls der eifrigste Hinterglasmaler Luxemburgs. Federmeyer malt mit den Fingern, ohne Pinsel, ohne Spachtel. Er arbeitet mit schnell trocknenden Wasserfarben. Da kann er sich nicht durch die Finger sehen, jeder Fingerstrich muss sitzen, er ist nicht rückgängig zu machen, nicht zu löschen."
(Léon N. Nilles, Revue, 7. Februar 1974)
Ph.R.
Al Schlass zu Réimech [Zeechnung op Holz]
Fleurs, 1976 [Hannerglasmolerei]
Villa Gerberei Enzbongert
De Burewee erop
Remich 1924
Kierch
Kräiz hanner der Kierch
Réimech
Gipsmillen
Stréimännchen