« zur Übersicht

Pierre Maas

 

 

Pierre Maas (1902-1993)

 

De Pierre Maas ass den 13. Mee 1902 zu Ierpeldéng (Réimech) gebuer ginn.

Hie war vun 1921 u Schoulmeeschter am Éislek (Ënsber, Wanseler, Woltz) a vun 1948 bis 1962 Oberprimärschoulmeeschter zu Réimech, wou hien am Buschland gewunnt huet.

Hie war mam Maria Dahlem bestuet; si haten zwee Kanner, d'Germaine (*1931) an de Roudo (*1934). De Roudo ass 1957 mat 23 Joer bei engem Accident gestuerwen. D'Ger Maas ass zënter laangem eng international unerkannte Molerin.

De Pierre Maas huet haaptsächlech Landschaftsmotiver gezeechent a gemoolt, dorënner e sëlleche Gaassen a Gebaier vu Réimech, an et gëtt och eng Rei Linoschnëtter vun him. Mat senge Wierker huet hien u villen Ausstellungen am In- an Ausland deelgeholl.

Nieft der Molerei hat hien d'Musek gär – hie war joerzéngtelaang Sänger an zäitweileg och Organist an Dirigent vun der Chorale Sainte-Cécile Réimech. Hie war och e begeeschterte Fëscher a gouf dacks mat senger Aangel bei der Musel gesinn.

De Pierre Maas ass de 25. Oktober 1993 gestuerwen.

 

Ph.R.

 

 

Kiirchtur (P. Maas) b.jpgTour antique de l'église de Remich (Privatbesëtz)

 

 

La Vigne - Lino par Pierre Maas.jpgLa Vigne, 1985 [Linoschnëtt] (Privatbesëtz)

 

 

Pierre Maas (Jean Rock).jpgLa Vigne, 1985 [Linoschnëtt] (Privatbesëtz)

 

 

Pierre Maas Machergass (Jean Rock).jpgMaachergaass

 

 

Pierre Maas    Bur op der Musel (Jean Rock).jpgBur op der Musel

 

 

Porte Saint Nicolas à Remich Estampe lino par Pierre Maas.jpgPorte Saint Nicolas à Remich Porte Saint Nicolas à Remich Estampe lino par Pierre Maas_0001.jpgEstampe

Porte Saint Nicolas à Remich   Estampe Lino  (Privatbesëtz)

« zur Übersicht