« zur Übersicht

Albert Mathay

 

Abbes Mathay – de "Struppi" vu Réimech,

éischte Lëtzebuerger Landesmeeschter am Automobilsport

Den Albert (Abbes) Mathay, gebuer den 23. Dezember 1934 am éisleker Duerf Nacher (Gemeng Géisdref), huet säit 1962 zu Réimech gewunnt. Hie woar bestuet mat dem Josette Berchem a Papp vum Guy Mathay. Geschafft huet den Abbes bei der Eisebunn (CFL), an hie woar aktiven Automobilsportpilot vun 1956 bis 1977. Gestuerwen ass hien den 23. Dezember 1977 zu Lëtzebuerg.

Vun senge Frënn a Sportskollegen ass den Abbes ëmmer Struppi genannt a geruff ginn.

Säit 1956 ass de Struppi aktiv am Automobilsport gewiescht. Dat éischt Joer ass hien op engem Riley mat villen technesche Problemer gefuer.

Bis 1958 huet hien du eng Denkpaus gemat, fir no engem besseren Auto fir dëse Sport ze sichen.

Vun 1959 un huet hien op engem Fiat 1500 eng Rei Klasse gewonn an zum Saisonschluss 1959 an 1960 de bronze Volant kritt.

 

A global 20190121.jpg

 

 

1962 huet hien dem Heng Mannes säi staarke Bockel-Volvo PV 544 kaaft an hat Klassevictoirë bei Biergcoursen a Slalomer zu Lëtzebuerg, an der Belsch an a Frankräich.

 

ba global.jpg

 

 

bb global.jpg

 

 

De Jos Zigrang huet dem Struppi seng Eegekonstruktioun, d'Formelrennauto Zig-Jap, geléint.

 

c global.jpg

 

 

1963 konnt de Struppi sech mat sengem Volvo PV 544 an senger Klass behaapten, an hie konnt mat dem Stanguellini FJ-DKW, engem Formelrennauto vun der Nationalekipp, starten an huet beim Saisonschluss erëm e bronze Volant kritt.

 

d global.jpg

 

 

Fir d'Saison 1964 hat de Präsident vun der Commission sportive Charles Keller e Lëtzebuerger Automobilsport-Landesmeeschtertitel virgestallt fir dee Pilot, deen am Joer déi meeschte Punkten an allen Diszipline krit.

An der Saison 1964 war dem Struppi seng Klass 1800-2000 ccm mat 12 bis 15 Konkurrente pro Course extrem staark besat. Et huet fir hie mat enger Klassevictoire bei der Biergcourse Kautebaach ugefaang. Déi schnellsten Zäit a Klassevictoire gouf et fir hien och bei de Biergcoursen zu La Roche an zu Arry a Frankräich. Bei engem Zwëscheresultat fir de Landesmeeschtertitel haten nach 4 Piloten eng Chance. Pech hat de Struppi mat zweemol techneschem Ausfall duerch Motorschued beim Flugplatzrennen zu Tréier a bei der Rallye Alsace-Lorraine.

Kueb oder Struppi (Koob oder Mathay) – vill Autosportfans haten op de Kueben Néckel (Nicolas Koob) als Landesmeeschter gesat. D'Entscheedung fir den Titel woar awer dem Struppi seng Victoire beim Tour de Luxembourg an domat den Titel als éischte Lëtzebuerger Automobilsport-Landesmeeschter (Plaz 1: Abbes Mathay 1.497,57 Punkten, Plaz 2: Nicolas Koob 1.492,48 Punkten, Plaz 3: Raymond Schweich 1.482,73 Punkten).

 

Vun 1965 un ass de Struppi op sengem Mini-Cooper an op verschiddene Formelautoen am In- an Ausland gestart.

 

e2.jpg

 

 

a1 global 20190121.jpg

 

 

e3 global.jpg

 

 

D'Joer 1966 huet mat engem spektakulären Accident bei der Rallye Monte-Carlo ugefaang. Den Départ woar zu Warschau, mat 2 Lëtzebuerger Ekippen op Alfa Romeo: Dino Pizzinato / Jos Brandenburger an Abbes Mathay / Aly Majerus. Op enger Spezialetapp an der Géigend vun der Uertschaft Uriage-les-Bains bei Grenobel hate Mathay a Majerus Bremsproblemer – d'Bremsbeläg waren ofgenotzt. De Struppi ass séier gefuer, bis an enger Kéier den Alfa Romeo den Hiwwel erofgerannt ass an zum Gléck un engem Bam hänke bliwwen ass – soss wären si 40 Meter déif op den Hausdaach vun engem Bauerenhaff gefall. De Bauer huet si mat sengem Trakter op d'Strooss gezunn, an den Abbes ass wéinst deem staark agedréckten Autosdaach mat gekrëmmtem Uewerkierper erof an d'Duerf gefuer, wou si opginn hunn.

 

f1global 20190121.jpg

 

 

f1global  b 20190121.jpg

 

 

Vun 1967 bis 1977 ass de Struppi weiderhi Coursë gefuer; et sinn der awer zevill gewiescht, fir se hei alleguer opzezielen.

De Struppi ass mat verschiddenen Autoe gefuer; eenzel Piloten hunn him hiren Auto ginn, fir hir Zäit mat dem Struppi senger op därselwechter Streck ze vergläichen.

Déi Autoen, op deenen de Struppi gefuer ass, waren:

am Joer 1966: Volvo P1800, Alfa Romeo GTV, Ford Cortina GT, Formel V Apal a Stanguellini FJ-DKW;

am Joer 1967: Mini-Cooper, Ford Cortina GT (zesumme mat dem Réimecher Pol Krier), Mercedes 220, BMW 2000 ti, Formel V Apal an Alpine FF;

 

g global.jpg

 

 

am Joer 1968: Mini-Cooper, BMW 2000;

am Joer 1969: Mini-Morris, Mini-Cooper, BMW;

am Joer 1970: Mini-Cooper, Ford Capri, BMW;

 

h3.jpg

 

 

am Joer 1971: Mini-Cooper, Ford Capri GT;

am Joer 1972: Mini-Cooper, BMW 1600 ti, BMW 2002 ti, NSU TTS;

 

j5.jpg

 

 

am Joer 1973: Autobianchi A112, BMW 2002 ti, BMW-Proto, Simca 1200 S, NSU TTS;

am Joer 1974: BMW 2002 ti, Simca Rallye 2, Ford Escort-Proto, NSU TTS, Formel Alpine FF;

 

k5.jpg

 

 

am Joer 1975: Formel Alpine FF A366;

am Joer 1976: Alfa Romeo GTV a GTA, Escort 2000 RS, Alpine A110, Alpine FF, Formel Super V Fuchs;

 

L6.jpg

 

 

am Joer 1977: Escort 2000 RS, Alpine 1600 S, Alpine A110, Formel Super V Fuchs.

No engem tragesche Verkéiersaccident den 22. Dezember 1977 am Niewel op der Streck vun Éiter op Bus ass den Abbes Mathay den 23. Dezember 1977 an der Klinik an der Stad gestuerwen an de 25. Dezember 1977 um Kierfecht zu Dol (Gemeng Géisdref) begruewe ginn.

De Struppi konnt e grousse Palmarès opstellen. Duerch säin Doud hunn de Lëtzebuerger Automobilsport an d'Motor-Action en talentéierten Autosportler verluer.

Fons Schneider / ASP

Fotoen: Sammlung Josette Mathay-Berchem

« zur Übersicht