« zur Übersicht

Ënnerstëtzt eis

 

Dir wëllt d'Photo-Frënn Réimech ënnerstëtzen?

Dat kënnt Dir maachen, andeems Dir Member gitt.

D'Memberschaft kascht 10 € d'Joer, ze iwwerweisen op de Kont LU89 0099 7800 0117 8789 (CCRALULL).

Dat kënnt Dir och maachen, andeems Dir eis Ärer Fotoen oder soss Dokumenter léint.

Wann Dir méi oder manner al Fotoen, Postkaarten, Dokumenter vu Réimech an Ëmgéigend hutt, géife mir eis freeën,

wann Dir eis se zur Verfügung stelle wéilt.

Mir géifen se da scannen a ggf. och op eis Websäit setzen. Är Originaler kréicht Dir selbstverständlech zréck.

Vläicht hutt Dir och Konschtwierker vu Réimecher oder Miseler Moler, Sculpteuren oder anere Konschtschaffenden,

déi mir fotograféieren an op eiser Websäit och anere Leit zougänglech maache kéinten?

Kontaktéiert eis – mir sécheren Iech selbstverständlech Diskretioun zou.

 

Dir wëllt bei de Photo-Frënn Réimech matschaffen?

Dir interesséiert Iech fir Fotografie? Dir kuckt net nëmme gär Fotoen, Dir maacht der och gär selwer?

Dir fannt et spannend, bei Veranstaltungen oder gréisseren Aktivitéite Fotoen ze maachen?

Oder Dir kennt Iech mat Informatik aus a géift gär un enger Websäit matschaffen?

Oder Dir hutt flott Iddien a wëllt Iech an engem Fotoveräin abréngen?

Dir kënnt eis gären iwwer Mail kontaktéieren: info@photofrenn-remich.lu.

Mir géifen eis freeën, Iech kennenzeléieren.

 

« zur Übersicht