« zur Übersicht

Schlass Malbrouck

 

 

 

Malbrouck 4b.jpg

 

 

 

E Besuch zu Manderen

 op Schlass Meinsberg / Malbrouck

 

Am Dräilännereck gëtt et vill schéin an interessant Plazen. Eng dovunner, a Loutrengen, ass Manderen mat dem Château de Meinsberg, dem Schlass Malbrouck.

E Besuch vum Schlass kann een am Lanterentuer am Nordosten ufänken an dann am Auersënn weidergoen, iwwer d’Courtinen, den Hexentuer, de Kalefielstuer bis an de Buergfrid.

Am Lanterentuer kritt een en éischten Androck vun der Restauratioun vum Schlass. Dobäi hunn al Pläng an Akten duerchgekuckt misse ginn, fir alles sou originalgetrei wéi méiglech nozebauen. Un Hand vu Wopen um Plafong an op engem Fris kann ee gesinn, wéi d’Restaurateure virgaange sinn. Sou goufen d’Wope vun den Häre vu Sierck a vu Loutrengen originalgetrei nogemaach, mä um Fris z.B. huet den Notärsakt just vun „engem Wopen“ geschwat; op déi Plaz koum dunn d’Wope vum Département de la Moselle.

D’Schlass Meinsberg ass vu 1419 bis 1434 gebaut ginn, an zwar vum Arnold VI., Här vu Sierck a Monclair. Den Numm krut d’Schlass anscheinend doduerch, datt den Arnold gesot hätt: „Es ist mein Berg.“

An der Schluecht vum 2. Juli 1431 zu Bugnéville an de Vogeese stounge Fransousen a Loutrenger géint Englänner a Burgunder, an den Arnold a säi Fils goufe gefaange geholl.

Am 16. Joerhonnert gouf d’Schlass e puer Mol ausgeraibert, a 1632 gouf et vun engem terribele Stuerm uerg matgeholl.

Ugangs vum 18. Joerhonnert ass et lassgaang mam spueneschen Ierffollegskrich, dee vu 1701 bis 1714 gedauert huet a mam Fridde vu Rastatt säin Enn fonnt huet.

 

De spueneschen Ierffollegskrich

De Carlos II., aus enger Famill, déi generatiounelaang Inzucht bedriwwen hat, war kierperlech e Krëppel a geeschteg zréckbliwwen. Déi europäesch Herrscher hunn drop gewaart, datt hie stierwe géif.

E puer Deeg virun sengem Doud hat de Carlos II. säi Groussnëwwi, den Duc Philippe d’Anjou, als Ierwen an säin Testament gesat. Dat wollten déi aner europäesch Natiounen net unhuelen, well se d’Fransousen net ze staark gi loosse wollten.

Zwéin Haaptakteuren

Marlborough: John Churchill Duke of Marlborough, dee „schéinen Englänner“. Gebuer 1650 zu Musbury, gestuerwen 1722 zu Granbourne Lodge. Sieger zu Blenheim=Höchstätt den 13. August 1704 an zu Malplaquet den 11. September 1709. Hien ass 1710 an Ongnod gefall.

 

 

John Churchill, 1. Duke of Marlborough.jpg

 

John Churchill, 1. Duke of Marlborough

(Portrait vun engem onbekannte Kënschtler)

 

 

Villars: Claude Louis Hector, duc de Villars, gebuer 1653 zu Moulins, gestuerwen 1734 zu Turin. 1702 gouf hie Maréchal de France ënner dem Louis XIV. Hien hat Erfolger géint d’Éisträicher am Ierffollegskrich, krut 1709 zu Malplaquet eng op den Deckel an huet 1712 zu Denain eng Victoire kënne feieren.

 

 

Claude Louis Hector de Villars.jpg

 

Claude Louis Hector de Villars

(Portrait vum Hyacinthe Rigaud [1659-1743])

 

 

Verlaf

De Philippe d’Anjou war den Enkel vum Louis XIV. Hien huet säin Usproch op de franséischen Troun oprecht erhalen. Dat war deenen aneren Europäer zevill. Éisterräich, England an déi Vereenegt Provënzen (Holland) hunn 1701 déi grouss Allianz vun Den Haag forméiert.

Frankräich huet fir d’éischt Erfolger an Däitschland gefeiert, duerno goung et awer méi schlecht. Den Erzherzog Charel gouf zu Barcelona 1705 zum Kinnek deklaréiert; an der Schluecht vun Audenade gouf Nordfrankräich iwwerrannt, de Villars huet 1709 mat knapper Nout d’Invasioun zu Malplaquet opgehalen a 1712 zu Denain gewonnen. Dem Krich gouf duerch d’Verträg vun Utrecht 1713 a vu Rastatt 1714 en Enn gesat.

Rastatt

De 6. Mäerz 1714 hunn de Louis XIV. an de Charel VI. e Vertrag ënnerschriwwen, an domat war de Krich eriwwer. De Louis huet d’Elsass behalen, huet awer déi fest Plaze riets vum Rhäin erausgeréckelt. De Charel krut Sardinien, Neapel, Mailand, d’Toskana an déi spuenesch Nidderlanden (also och Lëtzebuerg).

 

1705 koumen dem Marlborough seng Truppe vun Tréier erof a wollten iwwer Thionville a Metz a Frankräich afalen. De Villars huet sou séier wéi méiglech seng Präsenz zu Sierck verstäerkt, fir deem „schéinen Englänner“ de Wee ze verspäeren. Dobäi huet hien esou gutt geblufft, datt de Marlborough sech net getraut huet, fir weiderzemarschéieren. Hien huet léiwer op de Prënz vu Baden an deem seng Verstäerkung gewaart. Allerdéngs hat dee vu Baden den Zipperlein (podagra) an ass léiwer op Oochen an d’Kur gefuer, wéi dem Marlborough zu Hëllef ze kommen.

De Marlborough huet säin Haaptquartéier zu Eft opgeschloen. Meinsberg war mat 10 franséischen Zaldoten an ongeféier 40 Auxilliaire vun zweifelhafter Qualitéit besat. De Marlborough huet d’Schlass den 3./4. Juni 1705 ageholl, a wäerend 10 Deeg huet hien do mat senger Suite gewunnt. Hie krut allerdéngs keng Hëllef an och kee Ravitaillement, an an der Nuecht vum 16. op de 17. Juni 1705 huet hien sech sou heemlech rëm zréckgezunn, datt de Villars mol guer näischt vun dësem Réckzuch matkritt hat. Nennt een dat „filer à l’anglaise“?

Lëtzebuerg war deemools franséisch, an an der Festung louchen dem Louis XIV. seng Truppen. Doduerch hat d’Land net vill duerch dëse Krich ze leiden. Op hirem Réckzuch hunn dem Marlborough seng Truppen allerdéngs d’Museldierfer an och Réimech ausgeraibert.

D’Vollek huet e Spottlidd op de Marlborough gesongen, mä well den Numm ze komplizéiert war, gouf doraus Malbrouck gemaach, an d’Schlass gouf de Château de Malbrouck. A wéi dat restauréiert Schlass 1998 rëm opgoung, krut de Conseil Départemental de la Moselle, deen d’Schlass Marlborough nenne wollt, Schwieregkeete vum Tubakkonzern Philip Morris („Marlboro“) gemaach. Sou blouf et bei Malbrouck.

Malbrouck huet ni eng gréisser militäresch Roll gespillt. Et ass am Mëttelalter gebaut ginn, wou nach mat Feil a Bou a mam Schwäert gekämpft ginn ass, mä wou lues a lues d’Artillerie opkomm ass an esou eng Konstruktioun keng Chance méi gehat hätt. 1705 huet de Villars säin defensiven Dispositif léiwer op Sierck baséiert, an de Marlborough huet d’Schlass ageholl, well hien do e bëssche Komfort hat an och eng schéi Vue op d’Ëmgéigend. D’Schlass ass mat der Zäit verkomm a gouf eng landwirtschaftlech Exploitatioun. Am Verlaf vun der Franséischer Revolutioun gouf et konfiskéiert. An der „drôle de guerre“ 1939-1940 louch et am Virfeld vun der Maginotlinn a vill ze no un der Front. Sou huet déi franséisch Artillerie d’Gemaier an e Koup geschoss. 1945 hunn d’Amerikaner, ir se op däitschen Territoire virgeréckt sinn, nach eng Kéier datselwecht gemaach. Duerno war Malbrouck fir laang Zäit eng Ruin.

Den Département de la Moselle huet schliisslech d’Ruinen opkaaft. Vun 1977 u gouf geraumt an ofgeséchert, al Pläng an Notärsakte goufen duerchgekuckt, an 1989 ass mat der Restauratioun no de Critèrë vun der Charta vu Venedeg ugefaange ginn.

Hautzedaags ass Malbrouck en Touristemagnéit éischter Klass fir d’Regioun. All Joer gëtt am Schlass eng aner Ausstellung gewisen; sou gouf et z.B. schonn Ausstellungen iwwer de Keeser Napoléon, d’Kënschtlerin Niki de Saint Phalle, de Comiczeechner Hergé, de Chansonnier Georges Brassens, déi japanesch Samurai, d’Gëllent Vlies, Draachen ... Am Laf vun 20 Joer sinn iwwer annerhallef Millioun Visiteuren zu Malbrouck gezielt ginn.

Informatiounen: http://www.chateau-malbrouck.com/

Jean Ensch

_____________________

Quellen:

O. Weinberg – J. Martin: Le château de Malbrouck. Casterman 2019.

 

« zur Übersicht