Wann ech all Summermarges fréi
Duerch d'Riefgewan op d'Arbecht ginn,
A wann ech an der Drauwebléi
Do uewen a meim Wéngert stinn:
Da wiischt erop mir aus de Schollen
Sein Wonnerkraaft an Häerz a Gléid,
Dann zéit den éiwgen Dram vu vollen
Wäinherrschten déif mir duerch d'Geméit.
Rondëm läit d'Welt a gréiner Rou,
An d'Musel dreift sou kloar a stëll,
An hirem Spigel ëmmerzou
All houfreg Darf sech kucke wëll.
Elei wénkt Wormer an 'lo Éinen,
O Hämechtsberg, o Himmelssprass!
Dat Léifscht an disem éiweg schéinen
Stéck Hämecht dach mäi Wéngert ass.
Wa mech bedrécke Läd a Plo,
Verzweiflong mech zu Buedem schléit,
Mäi Wéngert stät ze woarden do,
Wou Trouscht a Fräd erëm mir bléit.
En häält dem Häerz déi déifschte Wonnen,
Aus jidfer Drauf quëllt d'Hoffnong nei,
Mir si wéi Häerzensfrënn verbonnen,
A mir sinn ääns a sinn is trei.
Wann äs mein Bän mech net méi dron
An ziddreg gät mäi Wënzerschréck,
Ech ka mein Léift him net verson,
Vu färe rout op him mäi Bléck.
Ech si getréischt a gi mäi Segen,
Weil an dem Dram mein A gesinn,
Wéi nach bis zu de spéitschten Deegen
Mein Kanner duerch mäi Wéngert ginn.
A wann d'lescht Stonn och mir äs schléit,
A wann et laut fir mech zuhaf,
Mäi Schlof ass lit, ech si behéit,
Weil no beim Wéngert läit mäi Graf.
Wäithin am Dall do bléien d'Riewen,
Den Herrgott réift: "O komm eran,
De hues verdéint dat éiweg Liewen,
De woars e goude Wéngertsmann."
Nikolaus Hein (1889-1969)
Quell: Nikolaus Hein: Kleines Vermächtnis. Editions "De Frëndeskrees", Luxembourg 1971.
Orthographie ugepasst: Carine Hensgen
______________________________________
Méi iwwer den Nikolaus Hein:
"Dat Le'fscht an disem e'weg sche'nen Steck Hèmecht dach mei Wengert ass!"
Der Moseldichter Nikolaus Hein (1889-1969):
(ofgeruff de 7.10.2018)
Nikolaus Hein im Luxemburger Autorenlexikon:
http://www.autorenlexikon.lu/page/author/154/1542/DEU/index.html
(ofgeruff de 7.10.2018)
De Jos Konert am Wéngert zu Wormer (1950er Joren) (Sammlung: Carine Hensgen)
Den Nicolas Seil am Wéngert zu Bech-Maacher (ëm 1940) (Sammlung: Jean Rock)